Kosmetik-Produite gi manner kaf an d'Zuel an d'Crocs kréien ëmmer méi Succès?

Lauschtert eran

Am Prinzip maache jo vill Leit sech gäre schéi wa se virun d’Dier ginn. Ma elo ass et jo awer esou, dass vill leit vum Mäerz bis elo net vill konnten eraus goen an domat och net onbedéngt de Besoin hate sech ze schminken oder d’Neel ze fierwen.

Mir wollte wëssen ob een dat och hei zu Lëtzebuerg an de Geschäfter gemierkt huet. An effektiv krute mer vun engerm Geschäft dat Kosmetik-Artikele verkeeft matgedeelt, dass d’Verkafszuelen net just liicht gefall sinn, mee esouguer massiv an de Keller gerutscht sinn. Begrënnt gëtt dat domat, dass vill Leit duerch den Teletravail sech och net geschminkt hu fir op d'Aarbecht, well déi deemno iwwert e puer Méint an der eegener Wunneng gemaach ginn ass. Dobäi kënnt d’Droe vun enger Mask. Schminkt ee sech vill, fierft dat alles un d’Mask of. Deen een oder aneren ass esouguer eventuell der Meenung, dass e Lëppestëft iwwerflësseg ass well en éischtens verschmiert gëtt an zweetens e souwisou kee gesäit. Mëttlerweil géingen d‘Verkafszuelen awer lues a lues nees klammen.

Ma mir wollten och nach wësse wéi et da mat der gemittlecher Kleedung ausgesäit. Wann d’Majoritéit vun de Leit hir Zäit doheem verbréngt ass et och kloer, dass een eppes fir d’Wuelbefanne mécht wéi zum Beispill sech bequem Schlappen ze kafen. Jidderee kennt se an zwar d’Crocs. Et sinn net grad déi schéinsten an trotzdeem hu ganz vill Leit souer. An Däitschland hu verschidde Medien esouguer matgedeelt, dass de Verkaf dovun iwwert Zäite vun der Pandemie geklomme wär. Ma mir kruten vun engem Kleedergeschäft bestätetgt dass dat hei zu Lëtzebuerg net de Fall wier. D’Zuele sinn hei weder geklommen, nach gefall.