De Wendler huet sech als Corona-Skeptiker geout an ass an d'USA geflücht. Elo huet sech seng Fra zu Wuert gemellt.

Nom Eclat vun der leschter Woch, wou de Michael Wendler (48) mat senge skurrille Corona-Aussoe fir Opreegung gesuergt huet, huet sech elo fir déi éischte Kéier seng Fra Laura (20) zu Wuert gemellt. Si géing deemno hannert hirem Mann stoen an hien net verloossen. Zu senge Corona-Aussoe wëll si sech net äusseren. Wéi déi jonk Fra selwer seet, hätt jiddereen d'Recht op seng eege Meenung, si wier sou neutral wéi d'Schwäiz.

Lauschtert hei de Message vum Laura:

Am Wendler-Skandal gëtt et iwwerdeems ëmmer méi skurril. Elo steet nämlech d’Fro am Raum op de Wendler virun der däitscher Justiz flücht. Dat menge jiddefalls e puer vu senge Kritiker an dat melle verschidden däitsch Medien. Si gesinn dem Wendler säi skurrillen Online-Optrëtt vun der leschter Woch als pure Virwand.

Géint de Wendler leeft anscheinend eng Geriichtsprozedur. Do soll et ëm Bäihëllef an enger Insolvenzgeschicht goen, a riets ass och vu 6 Méint Prisong mat Sursis. Géing de Wendler als virbestrooft gëllen, da kéint hien net méi sou einfach an d’USA areesen. Ma wat do genee lass ass, weess wuel nëmmen de Schlagerstar selwer, a wäerte mer deemnächst och selwer vun him gewuer ginn.

Affaire à suivre!