Du mëss all moies däi Bett? Dann hues du anscheinend ee bessert Sexliewe wéi anerer....beseet op d'mannst eng amerikanesch Etüd.

Wéi dacks dass ee Sex huet, hänkt dovunner of ob, a wéi gutt ee säi Bett mécht. Dat beseet op d'mannst eng Etüd aus den USA vun engem Matrassen-Hiersteller.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio:

Fir d'Etüd goufen 2.000 Männer a Fraen iwwert hiert Moies-Routine an hier d'Sexliewen an der Quarantänszäit befrot.

25 Prozent vun de Befroten, déi reegelméisseg hier d’Bett gemaach hunn, hu wärend der Quarantänszäit méi Sex gehat. 48 Prozent hunn uginn, dass sech hier Schlofqualitéit verbessert huet. A 55 Prozent vun dësem Grupp waren der Meenung, dass een net gemaachtent Bett absolut onattraktiv wier.

61 Prozent vun de Befroten, déi dann net reegelméisseg hier d’Bett maachen, waren der Meenung, dass zerknautschten Decken kee 'Sex-Blocker' fir si sinn. Trotzdeem hate si manner Sex wéi déi méi „uerdentlech“ Befroten. 30 Prozent hunn ausserdeem uginn, dass sech hir Schlofqualitéit verschlechtert huet.

Also Bett maachen, dann huet een owes ëmsou méi Spaass rëm ranzegoen!