D‘Covid-19-Pandemie an di domat verbonne Restriktiounen wierken sech op di psychesch Gesondheet aus. Depressiv Symptomer a Schlofstéierungen hunn zougeholl

D‘Corona-Pandemie bedeit net just ee Risiko fir di kierperlech Gesondheet, mee kann och negativ Konsequenzen fir di psychesch Gesondheet hunn. Dat hu Wëssenschaftler aus verschiddene Länner elo an engem virtuelle Podiumsgespréich festgehalen. Iwwerdeems et nach ze fréi wier, fir di psychesch Laangzäiteffekter z’evaluéieren, géingen aktuell Donnée’e scho weisen, dass Angschtstéierungen an aner psychesch Erkrankungen an de leschte Méint zougeholl hätten.

Zu de Facteuren, déi psychesche Stress ausléisen, zielen den Experten no d‘Angscht sech z’infizéieren grad wéi sozial Isolatioun a finanziell Onsécherheet. Mënsche mat psychesche Virerkrankungen, Fraen, jonk Leit a sozial schwaach Persoune wiere besonnesch menacéiert.

Wichteg wier dohier finanziell Ënnerstëtzung fir déi Leit, déi beispillsweis duerch d‘Pandemie hiren Job verluer hätten. Des Weidere sollten d’Regierunge sech beméien, ëmfaassend iwwert de Virus a seng Konsequenzen z‘informéieren. Et hätt sech eraus gestallt, dass esou Informatiounen  zesumme mat séiere Schutzmesuren de mentale Stresslevel an enger Bevëlkerung reduzéieren.

An der Kris kann och reegelméisseg Beweegung hëllefen, net an een déift Lach ze falen. Sech ze beweegen ass net just gutt fir de Kierper, mee och fir d’Séil. 3-5 Mol d’Woch eng 45 Minutte laang kierperlech aktiv ze si geet dobäi schonn duer, soe d‘Fuerscher. Ideal wiere wanderen, Joggen oder Vëlo fueren.