Den Alldag ass net ëmmer einfach. Dacks hu mer Stress mat deem mer musse fäerdeg ginn. Eng ''Plooschter'' zu där ee gäre gräift ass dat ongesond Iessen.

Lauschtert eran

Wie kennt et net? De Chef huet een nees mat Aarbecht bombardéiert an de Pechert huet iech nees e Cadeau hannert dem Wischer hannerlooss. En Dag prett ass fir an d'Poubelle. Dat eenzegt wat do nach ka fir gutt Stëmmung suergen, ass Séisses a Fetteges.

Knapps doheem ukomm, gëtt eventuell schonn de Schockela opgemaach a sech fir owes eng gutt defteg Pizza bestallt. Komescherweis villt ee sech no senger terribel ongesonder Aktioun vill besser wéi virdrun. Dat läit ganz einfach dorunner, dass mer negativ Stëmmunge mat Iessen déiden.

Ongesond Moolzechte berouegen eis tatsächlech. Tester hunn an der Vergaangenheet scho gewisen, dass Puppelcher déi kräischen, vill méi séier op Séisses reagéiere wéi op hir Suckel. Ma och d'Studente gräife beim Prüfungsstress mol gären zu de Séissegkeeten. Dat huet reng Physikalesch Ursaachen. Fett an Zocker loossen d'Stresshormon Cortisol am Blutt rapid erof goen an den Zocker mécht een hei och nach méi wakereg.

Wann een elo esou een Emotional-Eater ass, da gëllt et déi esou genannten Trigger ze erkennen. Dat sinn en Gros d'Stresssituatiounen. Situatiounen déi een net onbedéngt evitéiere kann. Ma wann een esou Momenter erkennt, da weess ee wat se mat engem maachen an da kritt een esou ''Friess-Attacken'' och reduzéiert. Dat ass wichteg fir net bemol an d'Iwwergewiicht ze falen a sech dann och nach domadder verréckt mécht.

Just e Regime ze maache fir seng Attacken ze kompenséieren ass hei dee falsche Wee. Ofspecke soll een hei virun allem Eppes: Déi falsch Haltung zu sech selwer an dem Ëmgang mam Frust, Ierger oder anere Stressfacteuren.