D'Verbreedung vu falschen oder net iwwerpréiften Informatioune kaschte Liewen an Zäite vun der Corona-Pandemie.

Eng Grupp vun internationalen Organisatioun, gefouert vun der Weltgesondheetsorganisatioun an der UN huet am September ee kollektiven Appell géint falsch Informatioune ronderëm de Coronavirus a respektiv Schutzmesurë gemaach.

De Statement erkläert wéi d’Pandemie net méi den eenzege Probleem ass, mat deem d’Mënschheet ze kämpfen huet.

Eng Well u falschen Informatiounen, eng Infodemic, déi sech iwwer sozial Medie verbreet, féiert net nëmmen zu méi Infektiounen déi Liewe kaschten. Sozial Spannungen, Hate Speech a generell Veronsécherung ronderëm de Coronavirus si Konsequenze vun der Infodemic a genee esou geféierlech wéi de Virus selwer.

De kollektiven Appell soll en Opruff fir Regierungen, sozial Plattformen a Membere vun de Medie sinn, Pläng duerchzesetze fir d’Verbreedung vu falschen Informatioun ronderëm de Coronavirus anzeschränken a gläichzäiteg wëssenschaftlech gepréiften Informatiounen einfach, séier an zoumoosst transparent zougänglech ze maachen.