Microsoft keeft Bethesda op, wat bedeit dat fir d’Industrie?

An Zäite vu Leaks a Projektioune ginn et hautzedaags net méi esou vill Iwwerraschungen an der Spill-Industrie. Mee wou d’News erauskomm ass, dass Microsoft Bethesda an hir Schwëster-Entwéckler wéi id Sofware and Arkane Studios opkafe wëll... dat huet eragefacht.

Fir e bëssen ze verdäitleche wat dat bedeit: Microsoft wëll d’Entwéckler vun Elder Scrolls, Fallout, Doom, Wolfenstein an Dishonored opkafen. Den Deal soll lappeg 7,5 Milliarde kaschten. D’Entwéckler vun absolutten Ikonen an der Gaming-Geschicht sollen Enn 2021 ënnert Microsoft schaffen an et ass net fir näischt, dass dës Acquisitioun Wellen an der Industrie geschloen huet.

Déi grouss Fro ass nämlech elo: Wäerten déi nächst Titele vun dëse Spill-Reien exklusiv fir Xbox erauskommen? Dat wier en haarde Schlag fir Sony an d’Playstation, déi dës Generatioun d’Nues wäit vir hat wat Exklusives ugeet.

Microsoft huet och schnell dorop reagéiert. Dem Phil Spencer, Chef vun Xbox, no soll d'Fro iwwer d'Exklusivitéit vun zukünftege Spiller op eenzeler Basis entscheet ginn, wat heesche wëll dass den nächsten Elder Scrolls op alle Konsole kéint erauskommen, mee beim nächste Fallout-Titel kéint et dann anescht ausfalen.

Playstation-Fans brauche sech mengen ech awer an nächster Zäit nach net ze vill Suergen ze maachen. Et ass onwarscheinlech, dass Spiller déi schonn annoncéiert a gewise goufen op eemol exklusiv ginn a bis den Deal duerch ass an dës Entwéckler richteg fir Microsoft schaffen, wäert et nach 2 bis 3 Joer daueren.