Ween d’Tech- an d’Gaming-Zeen a leschter Zäit verfollegt huet huet warscheinlech matkritt, dass Epic Games net déi beschte Relatioun mat Apple huet.

Fir d’Situatioun kuerz ze beschreiwen.

Wann eng App Suen iwwert den Apple Store oder de Google Store mécht, da kritt Apple generell bis zu 30% vum Gewënn. Firwat 30%? Déi generell Erklärung ass, dass dat einfach de Standard ass deen d’Industrie gesat huet. Den Tim Sweeney, CEO vun Epic Games, besteet zënter e puer Joer drop, dass 30% vill ze vill ass a Plattforme wéi Steam oder den Apple Store Entwéckler domat ofzocken an Entwéckler praktesch zwéngen en onfairen Deal anzegoen.

Wat ass also genau tëscht Apple an Epic Games geschitt?

Am August huet Epic Games en Update erausbruecht mat deem Leit 20% manner fir V-bucks, d’Wärung vu Fortnite, bezuele wa se direkt iwwer Epic Games kaf ginn. Ween also iwwer den Apple Store oder de Google Play Store geet, bezilt méi. Doropshi gouf Fortnite vu béide Storen erofgeholl an Epic Games huet Apple verklot. Dat ass alles innerhalb vun engem oder zwee Deeg geschitt.

Ween huet also Recht an der ganzer Affär?

Fir eng Saach kloer ze stellen: Keen an dëser Affär ass wierklech onschëlleg. Epic Games an Apple si béid monumental Entreprisen, déi einfach méi Sue maache wëllen.

Mee prinzipiell schéngt et keng schlecht Saach, Firme wéi Apple oder Google, déi eng gewësse Monopol-Positioun hunn, ënner Drock ze setzen. Et bleift ofzewaarde wéi dëse klenge Sträit op héijem Niveau ausgeet.