D'US-Schauspillerin, déi an der international erfollegräicher Sitcom "Two And A Half Men" d'Haushälterin "Berta" spillt, ass dout.

Eng ganz traureg Noriicht gëtt et fir all Fan vun der Serie „Two And A Half Men“. D'Schauspillerin Conchata Ferrell ass am Alter vu 77 Joer gestuerwen. Duerch hir Roll "Berta" an der beléifter Sitcom war d'Schauspillerin bekannt ginn.

Wéi US-Medie mellen, wier d'Schauspillerin un de Suitte vu Komplikatiounen no engem Häerzstëllstand gestuerwen. Eréischt am Summer hat si ee schwéieren Häerzinfarkt gemaach.