Wie gehéiert zu de räichsten Selfmade Fraen an Amerika aus dem Showbiz? Forbes kennt d’Äntwert an huet eng Lëscht erstallt.

Op der Plaz Nummer 97 vun de räichste Persounen an den USA hu mir zum Beispill déi extravagant Sängerin Lady Gaga mat engem Verméige vu ronn 150 Milliounen Dollar. Bal genee sou vill verdéngt eng aner bekannt Sängerin, nämlech d’Jennifer Lopez.

Déi bescht bezuelte Musekerin ass dann d’Rihanna mat onwarscheinlechen 600 Milliounen Dollar, dat och duerch seng nei Fenty-Beauty- a Lingerie-Kollektioun. D’Rihanna kënnt domat op déi 33. Plaz.

D’Beyoncé huet dëst Joer dank senger Musek a Kleedermark Ivy Park 420 Milliounen Dollar verdéngt. An d’Taylor Swift kënnt eleng mat senger Musek op 365 Milliounen Dollar op déi 62. Plaz.

Aner Sängerinnen déi een an der Top 100 vun de räichste Selfmade Millionären erëmfënnt sinn d’Céline Dion, d’Madonna an d’Barbra Streisand.

Am Entertainment-Beräich placéiert sech dann d’Kris Jenner op déi 92. Plaz mat 190 Milliounen Dollar, dat mat Hëllef vun de Beautyproduite vun hire Kanner Kim Kardashian West a Kylie Jenner.

D’Kim Kardashian West kënnt dëst Joer da selwer bei de Selfmade Millionären op Plaz Nummer 24 vun der Lëscht, mat 780 Milliounen Dollar, wärend d’Kylie Jenner hannert him op der 29. Plaz mat 700 Milliounen Dollar lant.

Lauschtert hei d'Reportage am Audio: