Ëmfroen no sëtzen di meescht Passagéier am Fliger am léifste bei der Fënster. Wéi gesäit et awer mam Schutz virum Virus aus?

Et kann een eraus kucken, de Kapp widdert d’Wand leeën an et gëtt een net gestéiert, wann den Noper op d’Toilette geet – de Virdeel vun enger Fënsterplaz läit op der Hand. Eng Ëmfro vun der Flugsichmaschinn "Skyscanner" confirméiert dat: Deemno sëtze 60 Prozent vun alle Passagéier am léifste bei der Fënster, 39 Prozent am Gank a just ee Prozent wielt bewosst d’Plaz an der Mëtt.

Et gëtt e weidere Grond, deen d’Fënsterplaze am Fliger beléift mécht. Ween do sëtzt an wärend dem Vol net opsteet, huet di bescht Chancen, sech vun anere Passagéier kee Virus anzefänken – well ee statistesch mat manner anere Mënschen u Bord a Kontakt kënnt wéi op anere Plazen. A Coronazäiten ee wichtege Sëtzplaz-Virdeel.

Konkret hu Fënsterplaz-Passagéier wärend dem Vol just mat 12 Mënsche Kontakt, um Sëtz an der Mëtt sinn der dogéint 58  a ween am Gank sëtzt, kënnt esouguer op 64. Dës Zuelen huet de "Fly Healthy Research Team" vun der Emory University zu Atlanta presentéiert.

Wou di meescht Viren am Fliger iwwerdroe ginn  

Dës Resultater decke sech mat enger Analys vun der Weltgesondheetsorganisatioun, no där Viren am Fliger virun allem do iwwerdroe ginn, wou Leit am selwechte Beräich enk niewentenee sëtzen  – d‘WHO schwätzt vun enger Infektiounsgefor bannent zwou Sëtzreien. Berécksiichtegt gëtt an der Etüd vun der WHO awer net d‘Tatsaach, dass sech vill Leit d‘Been u Bord vertrieden, anerer ginn op d‘Toilette oder wullen am Gepäckfaach – all dat si weider Kontakt- an eben och Vireniwwerdroungsméiglechkeeten.

Wat kann een also maachen, fir am Fliger d‘Ustiechungsgefoer ze reduzéieren? Et kann een natierlech probéieren, eng Fënsterplaz ze reservéieren, wat an engem Fliger mat Dräier-Sëtzreien allerdéngs just engem Drëttel vun de Cliente gelénge wäert. Fir de Rescht gëllt: U Bord méiglechst keen upaken, an sech de Wee op d’Toilette spueren.