Bis zum Enn vum Joer ass nach déi eng oder aner Serie an de Startlächer. Genau esou wéi fir d'nächst Joer.

Lauschtert eran

Wandavision

Fänke mer mol direkt mam neie Streamingdéngscht Disney+ un. Wéi mer wësse gehéiert och Marvel zu Disney a genau dofir ass op der Plattform vum Dezember un eng nei Serie ze gesinn an zwar Wandavision.

Et ass eng US-amerikanesch Serie iwwert d'Haaptfigure Wanda Maximoff an d'Vision aus dem Marvel Cinematic Universe.

Dat Ganzt soll am Stil vun enger Sitcom gehale ginn, mat surrealen Evenementer. Ufanks lieft d'Billerbuch-Koppel an enger klenger Stad. Ma dat harmonescht Liewe fënnt séier en Enn, well sech d'Zäit an d'Realitéit ufänkt ze veränneren.

Casa De Papel

Fir vill Leit a Fans vu Casa De Papel gëllt et dann nach e bësse Gedold ze hunn. De Release vun der 5. Staffel ass viraussiichtlech op 2021 geluecht.

Ma et muss een awer domat rechnen, dass Netflix de Release duerch de Virus no hanne verréckelt. Woubäi bis elo souwisou nach kee genauen Datum genannt ginn ass.

Riverdale

2021 steet dann och déi nei Staffel vu Riverdale um Programm. Fir genau ze sinn ass et déi mëttlerweil fënneft op Netflix

Donieft kënnt nächst Joer och déi nei a véiert Staffel vu Good Girls eraus an déi drëtt vu Sex Education.