Nodeems de Michael Wendler déi däitsch Show fräiwëlleg verlooss huet, gëtt hien net remplacéiert. De Bohlen huet erkläert, firwat.

Et ass elo gewosst, wéi et mat der Jury bei Deutschland sucht den Superstar virugeet. An zwar kënnt keng nei Persoun an d’Jury dobäi. Domat bleiwen den Dieter Bohlen, de Mike Singer a Maite Kelly zu dräi. Dat huet de Poptitan op Instagram senge Fans matgedeelt.

Hien huet dës Entscheedung domat begrënnt, datt d'Ekipp "harmonesch" wier an alles gutt géif lafen. D'Show wier jo och schonn eng Zäitchen am Gaang an déi dräi Jurysmembere géifen d'Kandidaten an der Tëschenzäit gutt kennen. Dës Nouvelle huet och de Sender RTL confirméiert.

Virun enger Woch hat jo de Michael Wendler fräiwëlleg d’Jury verlooss, nodeems hien op Instagram verkënnegt huet, datt de Sender RTL politesch gesteiert wier a mat Schold dru wier, datt d’Bundesregierung mat hire Corona-Mesure géint d’Verfassung géif verstoussen.