De Sänger ass sech bewosst, wat hie fir en net nohaltegt Liewen als Popstar huet. Dowéinst huet hien elo e Bësch geplanzt - mee net nëmme wéinst dem Klima.

Den Ed Sheeran huet e schlecht Gewëssen – an huet dofir e ganze Bësch ëm säin Haus geplanzt.

De britesche Sänger ass sech bewosst, datt hien als Popstar e schlechten Impakt op d’Ëmwelt huet. Wéi britesch Medie mellen, soll hien dowéinst mat senger Frëndin eng Dose Beem ëm säin Haus geplanzt hunn. Domat wéilt den Ed Sheeran säin ekologesche Foussofdrock e bësse verbesseren. Mee d’Beem hunn och eng aner Funktioun: Si sollen och säin Haus virun de Blécker vu virwëtzege Fans schützen.