Danzen, spenden an d'Show genéissen, dat sinn d'Ziler vun der virtueller Experienz.

Duerch d’Pandemie goufe vill Events gecancelled an dofir nei Forme vu Concerten, DJ Sets oder och Partyen an d’Liewe geruff. Och d’Team ronderëm de WazToo, DJ a Produzent aus Lëtzebuerg, huet sech e Corona-konforme Projet afale gelooss, deen de Leit qualitativ Festival-Momenter bis heem brénge soll. Mat engem Live-Set vum WazToo wëll een hei bannent 60 Minutten eng virtuell Geschicht kreéieren. Wéi eis den DJ confirméiert huet, kënnen d'Leit sech hei net just op e banale Livestream freeën, wéi mer en am Lockdown méi dacks gesinn hunn, mee op eng richteg Produktioun, déi op der Bün vun der Rockhal produzéiert gëtt.

© WazToo

Dat ganzt gëtt also eng Aart Inzeenéierung wéi een et och soss op engem richtege Festival géif erliewen, mat Visual Effects an enger Luuchte Show. Konzentréiert gëtt sech hei op elektronesch Musek also e bëssen am Stil vum Tomorrowland. Domat kann een de Projet villäicht nach net vergläiche ma et soll ëmmerhin déi bis elo gréisste virtuell Produktioun vu Lëtzebuerg ginn, bis elo. Den Haaptpunkt vum Projet erkläert sech iwwregens schonn am Titel "I wanna dance". Heimat wëll een d'Leit dorun erënnere wéi et virun der Pandemie war a se kuerz dohin zréck entféieren, mental op alle Fall!

Ma och d’Solidaritéit ënnert den Eventfirmen an insgesamt vis à vis vu Leit, deenen et den Ament net esou gutt geet, steet am Virdergrond. Engersäits kréie lokal Festivals eng virtuell Ënnerstëtzung vum Projet an och eng Spendenaktioun soll integréiert ginn. D'Zil vun deem Ganzen ass deemno net just de Party-Feeling no baussen ze projezéiere mee an dësen Zäiten och eppes un déi Leit zréck ze ginn, deenen et den Ament net esou gutt geet.

Ënnerstëtzt gëtt de Projet vun der Rockhal, dem E-Lake Festival a vum Open Air Housen an do, genee esou wéi op Social Media Kanäl vum WazToo selwer kënnt dir d’Produktioun freides den 30. Oktober kucken.

Lauschtert eran