D'Zäit gëtt dës Woch ëmgestallt, a mir mussen eis lues awer sécher op déi méi däischter Joreszäit astellen. De richtege Moment fir eng kleng Zäitrees!

Spéitstens wann d'Temperaturen ënner Null falen, kënnt bei ville Leit de Wonsch op, erëm onbeschwéiert an der Sonn ze leien. Am Summer bei den héchsten Temperaturen verhält et sech ëmgedréint: Wat géif een do net alles ginn fir e wéineg Wanterfeeling? Et ass normal, dass een eppes Negatives kompenséiere wëll, ma heiansdo ass dat wat ee sech wënscht einfach grad net disponibel.

Genee dat sinn déi Momenter, an deenen d'Nostalgie asetzt.

D'Verlaangere no vergaangene Momenter, an Erënnerunge schwiewen an sech déi onbeschwéiert Zäit zeréckwënschen - scho bal melancholesch gëtt sech a Gedanke verluer, an dat ronderëm verléiert ëmmer méi u Bedeitung. Dëst huet allerdéngs net ëmmer mam Lassloossen ze dinn. Et versetzt een sech virun allem gär an e positiven Zoustand, et sinn nämlech haptsächlech déi schéi Momenter déi een aktiv zeréckrifft. Kandheetserënnerunge loossen zum Beispill dacks d'Gefill vu Gebuergenheet opkommen. Fir d'Nostalgie opliewen ze loossen kucke vill Leit bewosst Filmer aus hirer Zäit, lauschteren Lidder aus schéine Momenter, oder ginn zeréck op Plazen, op deenen si sech ëmmer wuel gefillt hunn. E positiven Effekt ass hei garantéiert.

A schlechten Zäiten kann dëst awer gär mol negativ ausaarten.

Wien der aler Zäit just notrauert, an dobäi vergësst am Moment ze liewen, tendéiert dozou an engem Däiwelskrees ze landen.  Ganz sensibel heifir si Leit, déi sech dacks eleng fillen. An dësem Fall maachen d'Erënnerunge just nach méi traureg. Wat dann net berécksiichtegt gëtt, ass d'Tatsaach, dass genee dës net ëmmer realistesch sinn. Et kritt ee gär mol vun den eegenen Emotiounen eng gestëbst, an dann bilt een sech an, dass fréier alles perfekt war. Dat war deemools awer sou wéineg de Fall wéi haut. Den Erënnerungsmythos léist een einfach am Glawen, dass et iwwerhaapt keng schlecht Momenter gouf.

Fir déi ganz melancholesch ënnert eis ginn et allerdéngs och gutt Noriichten: Wien zu déiwe Gedankegäng tendéiert ass dacks och méi kreativ, a ka villes kritesch analyséieren. Ma wann dir trotzdeem emol guer net aus dem negative Gedankekarussell erauskommt, dann denkt drun: All Moment ass eenzegaarteg, a kann en Deel vun ärer perséinlecher Nostalgiesammlung ginn. Macht dat bescht draus!

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky