Nieft Impfstoffer bestreide verschiddener aner Weeër a wëllen erausfannen, wéi eng Optiounen et nach ginn, fir sech virun enger Infektioun ze schützen.

D'Entreprise SolyPlus aus der Géigend vu Flensburg am Norde vun Däitschland wëll am Kampf géint de Coronavirus hire Pefferkär bäileeën, respektiv am Kampf géint d'Ausbreedung eng Hand mat upaken. Well et nach kee Vaccin gëtt an een nieft Hännwäschen, Mask an Distanz net einfach de Kapp an de Sand wëll stiechen, huet SolyPlus ee Schrëtt weider geduecht an ass kreativ ginn.

Spezielle Knätsch mat Chitosan

Nach dëst Joer soll en neiaartege Knätsch op de Marché kommen, deen eis am beschte Fall virun enger Infektioun schütze soll. All déi aner Moossname sollen an éischter Linn eist Ëmfeld schützen, dëse Knätsch ass als integrale Schutz fir eis selwer geduecht. Wéi de Chef vum Betrib däitsche Medie géintiwwer erkläert huet, ass et en Nahrungsergänzungsmëttel, datt de Schutz opbaut.

Mëttel gouf bis zu 60 Minutten am Mond nogewisen

Riets geet vu Chitosan, eng Substanz, déi a verschidde Produiten ze fannen ass. Wéi dat Ganzt funktionéiert? Huet een de Knätsch am Mond, leet sech de Chitosan wéi eng Aart Schutzschicht ëm d'Schläimhaut am Mond an Hals. De Responsabelen no gouf et mat Leit getest. Resultat: D'Mëttel konnt 30 bis 60 Minutten am Mond nogewise konnt ginn. Op d'mannst sou laang wier ee geschützt.

Weiderhin op gängeg Schutz-Moossname setzen

Ob et dee Knätsch och bis bei eis packt oder een en online bestelle kann, muss een ofwaarden. D'Entreprise ass vun der Wierkung iwwerzeegt. Och wa just déi klengste Chance bestoe géif, dass een esou hëllefe kann, misst een et egal wéi maachen, sou de Chef vu SolyPlus. Och wann een un de Knätsch kënnt, heescht et awer weider: Hännwäschen, Distanz halen a Mask undoen.