En Horrorfilm léist bei ville Leit Angscht an Nervositéit aus. Trotzdeem ginn esou Filmer gäre gekuckt. Ma wisou ass dat esou?

Lauschtert eran

Halloween kënnt lues a lues ëmmer méi no a virun allem a Corona-Zäiten denkt een héchstwahrscheinlech un e Filmowend. E gudden Horrorfilm dierf op esou engem Dag selbstverständlech net feelen. Obwuel vill Leit sech net ganz wuel bei engem Film wéi zum Beispill ''The Exorcist'' villen, hu ganz vill Persoune Loscht sech ze grujelen.

A Situatiounen an deene mer eis sécher a gebuerge villen, hu mer d'Méiglechkeet, op eng spilleresch Aart verschidden Erfarungen ze sammelen. Dobäi kënne mer testen, wéi gutt mer zum Beispill mat Opreegung a Bedroung, also mat negative Gefiller, ëmginn.

Anescht ausgedréckt kann ee behaapten, dass eng Persoun déi ''Angschtloscht'' bei engem Horrorfilm empfënnt, ufanks onangeneem beréiert ass. Genau déi Uspanung vermécht sech mam Gefill vun Erliichterung a Freed. Dat passéiert awer nëmmen da wa mer selbstsécher sinn an eis enzwousch befannen, wou mer eis wuel a gebuerge villen.

Wann een zum Beispill en Horrorfilm matzen an engem Bësch géing kucken, da kéint et sinn, dass déi Erliichterung déi wärend dem Film normalerweis opkënnt, komplett aus bleift an een domat eng Erfarung mécht déi een net méi widderhuele wëll. Wat bei engem Grujelfilm an engem normale Kader jo net de Fall ass.

De spillereschen Ëmgang mam Nervekitzel zitt awer virun allem méi al Kanner oder Jugendlecher un, ma awer och vill Erwuessener. Eeler oder onsécher Mënschen, déi als Kand net d'Gefill vu Gebuergenheet vermëttelt kruten, kënnen deem ganzen net esou vill Freed entgéint bréngen a meiden esou Situatiounen.

Kuerz gesot: Mer grujelen eis gär well mer prinzipiell bei engem Horrorfilm ni wierklech enger Gefor ausgesat ass.