Et ass net déi éischte Kéier, dass d'Mënschheet mat enger Pandemie ze kämpfen huet.

HIV, Sars, Vullegripp an elo Corona. Krankeheeten, Seuchen a Pandemië sinn net nei, ma awer stousse mer ëmmer nees un eis Limitten. Et gi seelen Zoustänn, déi esou iwwergräifend sinn an een esou aschränken. Wéi gesot ass et awer näischt Neies a wäert och an Zukunft ëmmer nees opkommen. Ma wéi eng Pandemië goufen et schonn an der Vergaangenheet? A wéi ass d'Mënschheet domat ëmgaangen? Mir geheien e klenge Bléck op déi lescht Joren a Joerzéngten.

Als den Ufank vun all Seuch gëllt d'Pescht aus dem 14. Joerhonnert. 20 Millioune Mënsche sinn deemools gestuerwen. Iwwert "de schwaarzen Dout", wéi se och nach genannt gëtt, wousst ee laang Zäit net genuch, fir eppes dogéint z'maachen. An Italien zum Beispill goufen et deemools souguer scho Quarantän-Bestëmmungen, fir der Krankheet awer Meeschter ze ginn. Schonn am 14. Joerhonnert goufen op déi Mesurë gesat, déi mir elo mat Corona selwer hu missten uwenden.

D'Spuenesch Gripp ass a bleift déi gréisste Pandemie, och wa se schonn 100 Joer zréckläit. Weltwäit sinn hir 50 Millioune Mënschen zum Affer gefall, wat am Réckbléck net verwonnerlech ass. 1918 war den Éischte Weltkrich, d'Leit ware midd, an enger Ausnamesituatioun a gesondheetlech souwisou net um beschten Niveau. D'Gripp hat hiren Ursprong net wéi den Numm et vläicht undeite kéint a Spuenien, mee an den USA. Zaldoten haten se du mat an Europa bruecht.

Ugeholl gëtt, dass de Virus vum Déier op de Mënsch iwwergaangen ass. Anescht war et bei der Asiatescher Gripp, hei koum et zu enger Virus-Mutatioun. E puer Joer drop, 1957/1958, huet sech dës Influenza ausgebreet an déi zweetgréisste Pandemie vum 20. Joerhonnert provozéiert. 1,5 Millioune Mënsche sinn un de Folge vun der Gripp gestuerwen. Vun 1983 hat d'AIDS-Pandemie d'Welt am Grëff. 2002-2004 waren et de SARS-Coronavirus, 2005 an 2006 d'Vullegripp.