Eldoradio verspillt dës ganz Woch en iPhone 12! Fannt all Dag eraus op wéi enger Plaz am Land den Chiko sech verstoppt a qualifizéiert iech fir d'Finall.

Dës ganz Woch ass d'Eldoland am Halloween Féiwer!

Eldoradio Halloween Rallye

Spillt all Dag mat bei eisem groussen Halloween Rallye a gewannt mat Chance den neien iPhone 12.

Den Hexemeeschter Chiko huet sech queesch duerch d'Land verstoppt:

  • 5 Deeg
  • 5 Plazen

Fannt mat Hëllef vun Indicen eraus op wéi enger Plaz den Chiko sech am Eldoland verstoppt huet,
qualifizéiert Iech fir d'Finall e Samschden Owend an der Saturday Nightlife Sendung op Eldoradio,
a gewannt mat Chance de fonkelneien iPhone 12!

Eldoradio Halloween Rallye op Eldoradio, eldo.lu an an der Eldo App.

Spillt hei mat a gewannt den iPhone 12!

Freides: Plaz 5

'
Den Chiko ass fonnt ginn!

De Patrick huet eng Kéier matgespillt a just een Hint héieren. Ma dat ass duer gaange fir d'Verstopp vum Chiko ze erroden. Deen huet sech haut nämlech bei eis hei am Gebai verstoppt.

Donneschdes: Plaz 4

... an de 4. Hint ass duergaangen, fir datt de Sam wousst, wou den Chiko sech verstoppt huet. En Donneschdeg war hie beim Patton Monument zu Ettelbréck.

Mëttwochs: Plaz 3

An och um drëtten Dag gouf den Chiko fonnt - d'Gwendy wousst nom 4. Hint, wou den Hexemeeschter sech verstoppt hat! Richteg Äntwert war de Fräiheetsbam tëscht dem Briddel a Stroossen.

Dënschdes: Plaz 2

De Michael wousst wou sech eisen Hexemeeschter verstoppt hat - an zwar am Parc Merveilleux zu Beetebuerg.

Méindes: Plaz 1

De Jonas krut eraus wou den Chiko sech verstoppt hat: Op der Fëscherinsel um Iechternacher Séi!