"Wousst du, datt d’Police vill verschidde Beräicher bitt, an deenen een sech als Polizist ka spezialiséieren?"

Bei der Police schaffen de Moment ronn 2.500 Leit. 450 am ziville Kader an iwwer 2.000 am Policekader. D'Police sicht dann ëmmer nees no neie Leit. De Moment da virun allem fir de Beruff vum Polizist respektiv vun der Polizistin. Déi nächst Jore sollen hei pro Joer eng 200 nei Leit rekrutéiert ginn. Am ziville Beräich ginn awer och Leit gesicht.

Wat bitt d'Police fir Méiglechkeeten?

Als zukünfteg(e) Polizist(-in) huet ee bei der Police vill verschidde Méiglechkeeten seng Karriär ze gestalten. Déi meescht fänken hir Karriär fir d'éischt am Kommissariat un. Duerno ginn et vill Beräicher, an deenen ee sech spezialiséiere kann. Zum Beispill als Enquêteur beim Service de police judiciaire, als Motard, an der Spueresécherung, bei der Spezialunitéit, der Hondsstaffel oder an engem anere Beräich.

De gréisste Virdeel vun der Police ass dem Direkter vun der Ressources Humaines, dem Francis Lutgen no, d'Villfältegkeet.

Hei e puer Beispiller vu Beruffer:

Am Ufank weess een ni zu 100 Prozent wou ee lant. Am Laf vun der Zäit, wann een eppes Spezielles bei der Police wëll maachen, kritt een dozou d'Geleënheet. Do muss een sech awer selwer engagéieren a motivéiert sinn, sech weider ze bilden, dat heescht nei Formatiounen ze maachen.

Dem Direkter vun der Ausbildung Christian Gatti no wier de Beruff vum Polizist ee Beruff, dee vill Satisfaktioun ka bréngen, wann ee sech an den Déngscht vun der Gesellschaft wëll stellen. Et kéint ee vill, an et misst een och vill hëllefen. De Beruff wier ganz ofwiesslungsräich well et esou vill Méiglechkeete ginn. Wann ee  seng Karriär net just an eng Richtung wéilt fokusséieren, da wier een him no bei der Police richteg.

Lauschtert hei de Reportage: