Ob de Wendler geschwënn nees Single ass? Dat huet ënner anerem de Comedian Oli Pocher scho prophezeit.

De Michael Wendler huet et nees an eis Prominews gepackt!

Nom DSDS-Skandal den nächste Schock fir de Wendler: säi Laura ass "anscheinend" friemgaangen. Dat behaapt op d'mannst ee Museker géintiwwer dem "OK! Magazin".

Et géif sech ëm de Museker Lanzinger handelen, deen sech op Instagram selwer als Mister Universe 2030 an als emotionale Gangster bezeechent. Hien huet deemno ee presuméierte Chatverlaf op Instagram gepost, een Chat vun him an dem Laura. Doranner soll hatt anscheinend geschriwwen hunn: "Wann dat erauskënnt an un d'Press geet, ass mäi ganzt Liewen sou gutt wéi ruinéiert. Also bieden ech dech, dat fir dech ze halen".

Doropshi soll de Museker Folgendes geschriwwen hunn: "Gutt, dann denk du awer och drun, wat s de mer versprach hues .... wann et mat dir an dem Michael eriwwer ass". D'Laura soll deemno dëst geäntwert hunn: "Maachen ech, looss eis awer bis dohinner sou maachen, wéi wann dat ni geschitt wier a mir läschen alles wat mir zesumme geschriwwen hunn".

"Anscheinend" hätt sech och de Michael Wendler selwer beim Lanzinger gemellt a wollt wësse wat hie genee mam Laura geschriwwen huet, an ob hien him ee Screenshot dovunner schécke kann. Antëscht huet de Lanzinger e puer Insta-Posts awer nees geläscht...

Dem Lanzinger no soll hien d'Laura am Februar zu Köln kenne geléiert hunn, wärend hatt bei Lets Dance matgemaach huet.

Ob dat lo stëmmt wat de Museker erzielt oder hie just sech a seng Musek promote wëll, an ob di Chatverleef reell oder fake sinn, wësse mir net, um Enn ass et eis och:

;)