Zënter Februar ass et am Gespréich a wéinst der aktueller Situatioun no hanne verréckelt ginn. Elo ass dann endlech Dating iwwer Facebook méiglech.

Lauschtert eran

Wéinst Bedenken a Punkto Dateschutz huet Facebook elo no méintlaanger Verzögerung d'Dating-Funktioun och an Europa gestart. Am Februar hat Facebook de Start vun der Plattform kuerzfristeg op onbestëmmt Zäit verréckelt.

De Prinzip vun der Funktioun

Den Notzer muss mindestens 18 Joer hunn a sech e separat Profil uleeën. Facebook selwer schléit da potentiell Partnere vir. Erausgefiltert ginn déi op Grond vun den eegenen Donnéeë an dem Wësse vun der Plattform iwwert eegen Interessen an Aktivitéiten.

Interessant dobäi ass, dass déi eege Facebook-Frënn do ausgeschloss ginn. Ausser et markéiert een eng Persoun als heemleche Schwarm. Op déi Lëscht kann ee bis zu 9 Leit setzen. Dovunner ginn déi jéinesch allerdéngs näischt gewuer, ausser se hunn iech och als heemleche Schwarm markéiert. Fir d'Flirt-Funktioun esou sécher wéi méiglech ze gestalten, kann ee keng Fotoen oder Videoe verschécken.

All eenzelen Notzer gëtt dozou opgefuerdert sech just mat der reeller Identitéit unzemellen a Facebook verséchert, dass Bedruchsversich konsequent ënnerbonne ginn. All Reklamatioun vun de Usere gi konsequent verfollegt. Dozou huet d'Online-Netzwierk zum Beispill matgedeelt, dass se proaktiv Profilbiller iwwerpréiwen, fir sécherzestellen, dass et do keng plakeg Foto ginn.

Niewend Tinder, Bado a Company, klëmmt elo also och Facebook an de virtuellen Dating-Marché eran. Vill Spaass beim Flirten.