Antigen-Tester si méi séier an einfach ze benotzen. Ma se sollen éischter als Ergänzung déngen, well se net esou zouverlässeg wéi PCR-Tester sinn.

Lauschtert eran!

Sougenannter Schnelltester sinn och bei eis scho méi laang en Thema. Rezent hat sech och e Petitionnaire dofir ausgeschwat, fir esou Tester fir de private Gebrauch anzeféieren. An enger parlamentarescher Äntwert Ufank des Mounts hat et geheescht, dass aktuell esou e Kit vun Antigen-Schnelltester am Staatslabo evaluéiert géif ginn, en zweete géif nokommen. Wa sech déi bewäerten, kéint een iwwert den Asaz zu Lëtzebuerg nodenken.

D'Schnelltester waren nees en Thema dës Woch op der Pressekonferenz iwwert de Wocheréckbléck vun den Infektiounszuelen. Wéi wäit ass een hei? Kommen esou Tester zu Lëtzebuerg geschwënn an den Asaz? Hei war et d'Äntwert vun der Gesondheetsministesch wéi schonn Ufank Oktober, dass een nach ëmmer an der Phas vun der Analys ass. Well d'Schnelltester mat enger Prouf an der Nues duerchgefouert ginn, kann dat aktuell och nëmme vum ausgebiltem Fachpersonal gemaach ginn.

Virdru war et awer och scho kloer, dass dës Zort vun Tester an éischter Linn fir de medezinesche Beräich geduecht ass, heescht an Urgencen oder an de spezielle Consultatiounszentren. Do, wou een ebe séier e Resultat brauch. Grad esou solle just symptomatesch Leit op dësem Wee getest ginn. Et ass éischter als Ergänzung geduecht. D'Santé schafft de Moment un nationale Richtlinnen, fir am Fall wou och prett ze sinn. Zu Lëtzebuerg ass et sou, dass een aktuell schnell PCR-Tester huet.

A ville Länner gëtt jo och mam Gedanke gespillt, op esou Tester bei gréisseren Evenementer wéi Concerten zréckzegräifen – dës Optioun ass zu Lëtzebuerg éischter onwahrscheinlech. Eis belsch Noperen hunn an Tëschenzäit bis zu 5 Milliounen där Antigen-Testkits bestallt, Frankräich, Däitschland an Holland sinn och op dee Wee gaangen. Ob et also zu Lëtzebuerg, dem internationale Virreider a Punkto Testen, och geschwënn esou Kits gëtt, bleift ofzewaarden.