"Wat schwätzt fir en Job bei der Police?" "Firwat ass de Beruff vum Polizist/vun der Polizistin dee richtege fir mech?"

Dem Francis Lutgen, Direkter vun der Ressources Humaines bei der Police no ass et ee flotten an ofwiesslungsräiche Beruff. De Polizist ass u sech ee Staatsbeamte mat enger ganz wäertvoller Missioun. Et geet drëms der Gesellschaft ze hëllefen. Dat mécht een och an aner Beruffer mee hei ass ee méi no drun un de Leit, esou de Francis Lutgen.

© Eldoradio

De Kontakt ass heiansdo ee ganz positiven, wann een engem hëllefe kann, mee och ee ganz negativen. Wann een z.B. mat engem ze dinn huet, deen eng gestiicht huet, oder bei engem agebrach ginn ass oder engem eppes geschitt ass. Dass u sech dat wat de Beruff flott mécht, well et all Dag eng nei Erausfuerderung ass. Et weess ee moies wann een ufänkt ni zu 100 Prozent wat een erwaart.

Dat ass och dat wat d‘Rosaria D’Amore esou gutt um Beruff fënnt. Si schafft als Polizistin am Kommissariat zu Miersch. Wat hir am meeschte gefält, ass wann een op seng Schicht kënnt, een net weess wat den Dag iwwer geschéie wäert, an dat wier einfach dat flottst, et géif ni langweileg ginn.

© Eldoradio

Als Polizist muss een och ganz ënnerschiddlech reagéieren. Déi eng Kéier muss ee Fangerspëtzegefill weisen, fir wierklech ganz duuss un eppes erunzegoen. Déi aner Kéier muss ee vläit eng Kéier sec duerchgräifen. Wann een da bis dat Gespier huet, ass et ee Beruff deen immens befriddegend ka sinn, trotz all deene Schwieregkeeten déi ee begéint.

Et gesäit een och Situatiounen déi aner Leit ni wäerten an hirem Liewe gesinn, an dass dat wat et interessant mécht. Dobäi kënnt dass d’Police Büroen queesch duerch d’Land huet. Et huet e Kommissariater vun Ëlwen erof bis op Diddeleng, vu Reiden eriwwer op Iechternach. Et muss een net säi Liewe laang an d’Stad schaffe goen, mee et kann een deemno wéi no do schaffe goe wou ee wunnt, wat net oninteressant ass. Queesch duerch d’Land ass ee present an och an all de Beräicher.

Lauschtert hei de Reportage: