Den Optrëtt vun de Museker hat een eeschten Hannergrond.

D’Band „Die Ärzte“ huet e Freideg den Owend „Tagesthemen“ opgemaach.

Mat der Begréissung „Hier ist das Ärzte Deutsche Fernsehen“ hunn déi 3 Museker d’Melodie vun der ARD-Sendung gespillt, iert den Noriichtespriecher Ingo Zamperoni iwwerholl huet. Den Optrëtt vun de Museker hat een eeschten Hannergrond.

Kuckt hei:

Am Interview hunn de Farin Urlaub, de Bela B an de Rodrigo Gonzalez un d’Politik appelléiert, an der Coronakris de Kultursecteur net ze vergiessen. Am Numm vun 1,4 Millioune Beschäftegten vum Secteur hunn d'Punk-Rocker méi Hëllef gefuerdert. D’Mënschen, déi an der Musekszeen schaffen, géifen an Zäite vu Corona ignoréiert ginn, esou de Sänger Farin Urlaub am Interview.

Lauschtert hei de ganzen Interview:

De Mini-Gig war déi éischt Live-Musek déi jeemols an den „Tagesthemen“ gespillt gouf.