Den "Terminator" huet d'OP wuel gutt iwwerstanen.

Den Hollywood-Star Arnold Schwarzenegger (73) huet sech no senger Häerz-Operatioun zu Wuert gemellt. Hie schreift op Insta an Twitter, dass hien sech "fantastesch" géing fillen. Hie kéint well spadséiere goen, an huet dobäi e puer Fotoe gepost.

De Schwarzenegger krut deemno eng nei Aorteklapp, déi zu senger neier Pulmonalklapp vu senger leschter OP passt, schreift de gebiertege Steirer an de soziale Medien.

Hie war fir d'lescht 2018 um Häerz operéiert ginn. 1997 hat hien sech fir déi éischte Kéier um Häerz operéiere gelooss, respektiv krut hien eng Aorteklapp agesat. D'Doktere wollten domat een ugebuerenen Häerzfeeler verbesseren.