Op der ganzer Welt kämpfen d’Länner am Moment géit eng zweet Coronawell. Och hei a Groussbritannien ass dat net anescht.

Mee obwuel déi brittesch Regierung e puer hallefhäerzeg Mesurë geholl huet, fir de Virus ze bekämpfen, esou klammen och hei d’Zuele rasant an et ginn all Dag iwwert 20.000 Neiinfektiounen. Ee vun de gréisste Problemer, deen d’Britten hei hunn ass, dass d’Coronareegele ganz seele kontrolléiert ginn.

Lauschtert hei de Reportage:

Kënnt een zum Beispill aus dem Ausland a Groussbritannien, muss een sech an de meeschte Fäll 14 Deeg laang doheem isoléieren. Kontrolléiert gëtt dat awer quasi net. Änlech ass d’Situatioun wann een ufänkt Symptomer vum Coranavirus ze hunn. Theoretesch muss ee soulaang doheem an Isolatioun bleiwen, bis een en negatiivt Resultat huet. Och dat gëtt net wierklech kontrolléiert an eng Etüd huet erausfonnt, dass just 18% vun de Britten sech och heirun halen.

© pixabay.com

Et ass obligatoresch, dass een em ëffentlechen Transport eng Mask undeet. Do halen sech zwar vill Leit drun awer natierlech net alleguer. An den éischten 2 Méint säitdeem dës Reegel annoncéiert gouf, huet d’Police a ganz England just 54 Protokoller ausgedeelt u Leit, déi keng Mask unhaten. Wann d’Leit hei also weiderhin esou large mat de Reegelen ëmginn an et weiderhi wéineg Kontrolle ginn, da wäert de Britten nach en haarde Wanter bevirstoen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter