Dëst Joer wäert Halloween wuel haaptsächlech doheem oflafen. Wat brauch een dofir? Natierlech e puer lecker Snacks, déi een awer och e bësse fäerten dinn.

Ofgehackten Hexe Fangeren:

  • 70g Botter
  • 120g Cheddar
  • 100g Miel
  • 2 EL Maismiel
  • 1 Ee (Gréisst L)
  • schwaarz Liewensmëttelfaarf
  • Mandelbliedecher
  • Cayenne Peffer
  • grafft Salz

De Botter, den Cheddar, d'Miel, de Cayennepeffer an d'Maismiel an enger Schossel vermëschen, bis een eng Konsistenz vu Sand huet. Do réiert der dann d'Ee drënner. Den Deeg verfracht der dann op ee Backpabeier, leet een zweete Pabeier driwwer, an zerdréckt den Deeg zu engem 1 cm héije Krees. Da 15 Minutten an den Tifküler, an duerno rullt der den Deeg zu engem Rechteck aus. An nees eng Véirelstonn an de Freezer. An der Tëschenzäit kënnt der d'Mandelbliedercher schwaarz umolen. Da kënnt der den Uewen op 180 Grad virhëtzen. Duerno zitt der deen ieweschte Bakpabeier erof, a schneit den Deeg a Sträifen. Eng Säit formt der dann wéi eng Fangerspëtz, a leet ee Mandel-Fangernol drop. Da kënnt nach grafft Salz drop, an da geet et och fir 15 Minutten an de Bakuewen. Wie wëll, kann nach eng rout Salsa dobäi maachen, fir ee wonnerbar bluddege Feeling.

Lauschtert hei eran!

Mumie-Wippercher

  • 1 fäerdege Bliederdeeg
  • 12 Cocktail Wirschtercher
  • 1-2 EL Mayonnaise
  • 1-2 EL Ketchup
  • 2 1-Liter Tuten

De Bliederdeeg ausrullen, an an 1 cm breet Sträife schneiden (am einfachste geet dat mat engem Pizza-Schneider). De Bliederdeeg ronderëm d'Cocktail-Wirschtercher dréinen. Da kënnt der d'Mumien op ee Bakpabeier leeën. Den Uewen nees op 180 Grad hëtzen an dann d'Wippercher fir 15-20 Minutten am Uewe loossen. An der Tëschenzäit huelt der zwou 1-Liter Tuuten, a fëllt d'Mayonnaise an déi eng, a Ketchup an déi aner. Wann eis Mini-Mumie fäerdeg sinn, schneid der bei all Tut ee klengen Eck of. Op enger Plaz, wou der méi Sputt gelooss hutt, maach der dann als éischt zwee Punkte mat Mayonnaise, an duerno nach ee Punkt mat Ketchup drop. Sou, dass eis Mumien hiert Schicksal och komme gesinn.