Dëst Joer wäert Halloween wuel haaptsächlech doheem oflafen. Wat brauch een dofir? Natierlech e puer lecker Snacks, déi een awer och e bësse fäerten dinn.

Bluddeg Aen

  • 1 Dous Litschien
  • Ee Pak Molbieren
  • ongezockert Hambiers-Gebees
  • rout Liewensmëttelfaarf

Als éischt muss de Jus vun d'Litschien ofgeschott ginn. Dofir tippt der d'Litschien am beschten an eng Passette. Da maacht der e bëssen manner wéi een Téiläffel Hammbier-Gebeess an d'Litschien. Duerno kënnt nach eng Molbier an all eenzel Litschi a fir ee méi bluddegen Effekt, kënnt der nach e bësse rout Liewensmëttelfaarf mat engem Pinsel op dat baussent vun der Litschie molen. Wann der dës notze wëllt fir een Cocktail ze garnéieren, bitt sech een Zahnstocher un.

Lauschtert hei eran!

Frankenstein Toast

  • 2 mëll Avocadoen
  • 2 Tomates cerises
  • 1-2 Knuewelekszéiwen
  • Zitrounejus
  • Salz a Peffer
  • 1 haartgekacht Ee
  • 150 Gr schwaarz Oliven ouni Kär
  • Vollkartoast

D'Avocadoen an zwee schneiden, de Kär eraus huelen, an dann d'Fleesch vun der Fruucht an eng Schossel maachen. Da ganz no ärem Goût Zitrounejus, Salz a Peffer dobäi maachen. De Knuewelek mat eng Press kleng maachen oder ganz reng schneiden. Dësen dobäi mëschen an alles gutt kleng tripsen a matenee vermëschen. Op de knusperegen Toast kënnt d'Avocado-Mëschung. Dat haartgekacht Ee an Tranche schneiden an als Ae op den Toast leeën. D'Tomates Cerisen tranchéieren an duerno an zwee Schneiden an als Mond um Toast drappéieren. Bei den Oliven heescht et kreativ ze ginn. Dës kommen eemol als Rondelen op d'Eewäiss, a Véierel geschnidden déngen se als Hoer, a kleng geschnidden als Narb.