Et ginn Aktivitéiten, déi eleng doduerch interessant sinn, dass se verbueden oder einfach geféierlech sinn.

Wie kennt net déi eng Persoun, nieft där een sech selwer wéi den absolutte Langweiler virkënnt? Si war gefillt schonn iwwerall, huet ganz vill Talenter an ass nach laang net am Liewen ukomm. Wien e „Sensation Seeker“ ass, brauch tatsächlech ganz vill nei Impulser fir sech wuel ze fillen. Beim Kick-Erliefnes ginn all méiglech Konsequenzen erausgefuerdert, an all Risiko verdrängt.

Mä wéini ass een dann iwwerhaapt e „Sensatiounssichenden“? 

Et gëtt ënnert anerem tëscht 4 Typpen ënnerscheet, déi sech duerch verschidde Verhalensweisen differenzéiere loossen.

  •  Do wier zum Beispill deen, dee stänneg op der Sich no Aventuren ass. Dës Leit musse permanent ënnerhale ginn, a brauche virun allem Aktivitéiten, bei deene vill Adrenalin ausgeschott gëtt. Bungeesprangen, géint anerer konkurréieren, oder och Horrorfilmer kucke si Saachen, déi op hirer To-Do-Lescht ganz uewe stinn.  

  •  Leit, déi no neien Erfarunge sichen, wëlle gär hiert Bewosstsinn erweideren. Fir si gëtt et näischt Schlëmmeres wéi e konventionelle Liewensstil. Si sinn dofir dacks op ville Plazen ënnerwee, a wëllen dobäi näischt verpassen.  

  • Richteg geféierlech gëtt et fir déi Persounen, déi op der Sich no Enthemmung sinn. Si wëlle reegelrecht virun hirem Zoustand flüchten, a gräifen dofir méi dacks op Drogen an Alkohol, oder och op stänneg wiesselend Geschlechtspartner zréck.  

  •  Eppes hunn se wuel all gemeinsam: Si kënnen sech einfach net langweilen. Dat mëscht awer virun allem de 4. Typ aus.  Dësen hält et net laang bei der selwechter Aktivitéit mat de selwechte Leit aus an muss säin Alldag stänneg ëmstrukturéieren. Dëst huet och een Afloss op d'Hobbyen, d'Sozialliewen a souguer op d'Beruffswiel.

Wéini ass Sensation Seeking geféierlech?

Am grousse ganzen ass Senstation Seeking eng Charaktereegenschaft, déi net zwéngend geféierlech muss sinn.
Erwëscht een sech allerdéngs eemol ze dacks dobäi, bewosst däitlech iwwert dem erlaabten Tempolimitt ze fueren, all seng Suen auszeginn oder allgemeng sech a geféierlech Situatiounen ze bréngen, ass spéitstens dann de Moment fir sech domat auserneen ze setzen. Et sollt een sech fir d'éischt d'Fro stellen, firwat een sech an deene Momenter net wuel fillt, an deene weider näischt Spannendes geschitt. Weider gëllt et, eng Alternativ zum aktuelle Verhalensmuster ze fannen. Et kann een och e spannend Liewen hunn, ouni sech stänneg a Gefor ze bréngen.

Schlussendlech ass et wéi bei allem: Schued et engem selwer, der Gesondheet oder dem Ëmfeld, ass et un der Zäit eppes ze änneren.

Lauschtert hei de ganze Mindset!

Vicky