D'Ekippe vum Contact Tracing stoussen un hir Grenzen - d'Zréckverfollege vu Kontakter gëtt ëmmer méi schwéier.


Ass ee positiv getest ginn
, gëtt een nach ëmmer vun der Santé ugeruff. Et kann awer heiansdo dauere bis een den Uruff kritt. Well d'Ekippe vum Contact Tracing vun Dag zu Dag awer ëmmer méi Kontakter zréckverfollege mussen, soll een, wann ee säi Resultat scho kritt huet, sech selwer isoléieren an deemno doheem bleiwen. Nei ass och, datt een eng Referenznummer zougeschéckt kritt. Dës soll een u seng Risikokontakter, also Leit, mat deenen een a Kontakt war an déi sech kéinten ugestach hu weider ginn - mat där kann ee per Mail eng Ordonnance fir d'Quarantän, ma och ass dës do fir e Coronatest ufroen.

Preziséiert gouf, dass een déi Zäit, wärend där een op säi Resultat waart, onbedéngt doheem sollt bleiwe fir eng potentiell Ausbreedung ze evitéieren. Zënter dem Weekend gëtt et en neie Formulaire, deen een am Fall vun enger Infektioun ausfëllen an un deen zoustännege Service schécke soll. Hei gëtt een nieft perséinlechen Donnéeën natierlech och no senge Kontakter gefrot a wéi enk de physesche Kontakt a soss Ëmstänn waren, déi wichteg ze wësse sinn. Am Formulaire gi verschidden Zenarien opgelëscht an erkläert, dat soll als Orientéierungshëllef déngen.

© Santé

Ass een enger positiv getester Persoun ze no komm soll een den zweete Formulaire ausfëllen, deen d'Santé opgesat gëtt. Och an deem Fall gëllt: Kritt ee bis Bescheed gesot, dass ee sech kéint ugestach hunn, soll ee sech isoléieren, hei an Auto-Quarantän goen. A Quarantän muss ee wärend 7 Deeg nom leschte Kontakt zu enger infizéierter Persoun bleiwen. Enke Kontakt zu anere muss evitéiert ginn. Vum 6. Dag u kann ee sech da mat enger Ordonnance teste goe loossen. Wann den Test negativ ass, ass d'Quarantän automatesch eriwwer an et muss een deemno net méi doheem bleiwen.

© Santé

Déi 7 Deeg no der Quarantän soll ee sech selwer iwwerwaachen an eng Mask undoen, wann ee mat aneren a Kontakt ass. Trieden nees Symptomer op, soll een en neien Test maachen an duerno an Isolatioun goen. D'Isolementsmesure dauert 10 Deeg nom Optriede vun de Symptomer. Doheem soll een de Kontakt zu aneren evitéieren an ëmmer eng Mask unhunn, wann et net anescht geet, also wann een net eleng am Raum ass. D'Santé huet d'Prozedure vun der Auto-Isolatioun an Auto-Quarantän déi lescht Deeg ëmmer nees betount, fir de Virus besser kënnen anzedämmen.