Dëst Joer wäert Halloween wuel haaptsächlech doheem oflafen. Wat brauch een dofir? Natierlech e puer lecker Snacks, déi een awer och e bësse fäerten dinn.

Marshmallow-Spawecker

  • 1 Pak wäiss Marshmallows
  • Brownies / Kichelcher / Donuts

An eng Schossel maacht der e puer Marshmallows, a setzt dës an d'Mikrowell. D'Schossel soll net ganz voll sinn, well d'Marhsmallows sech ausdeenen. Bei héijer Watt-Zuel am 30 Sekonnen-Takt schmëlze loossen. Haalt een A drop, a réiert d'Mass ëmmer nees. Wann d'Marshmallows geschmolt sinn, loosst se e bëssen ofkillen, soss deet et wéi! Mat de Fangere gräift der an d'Maass a spaant des tëscht de Fangeren esou dass se Fiedem zitt. Dat zitt der dann iwwert d'Brownies oder är Kichelcher. A schonn hutt der lecker Spawecker op ärem Iessen!

Lauschtert hei eran!

Ee Skelett voll Dessert

  • 1 Plastik Skelett
  • Brownies
  • Kamellen
  • Kichelcher
  • An nach Schneekegkeeten

Eigentlech ganz einfach, mee sécher een Highlight op ärem Dësch! Dir braucht eemol ee Skelett (natierlech aus Plastik) an all méiglech lecker Saachen déi der wärend ärem Horror-Owend braucht, fir de Bols niddreg ze halen. Super passen natierlech Brownies, a Kichelcher, mee virun allem bei de Kamelle kann ee kreativ ginn. Ganz gutt passen natierlech Vampir-Zänn, Wierm oder och Aen. All är Séissegkeeten kënnt der dann am Broschtkuerf vum Skelett verstauen, mat dem engen oder anere Wuerm deen tëscht de Rëpper erduerch luusst.