Nieft de bekannten Horrorfilmer wéi Sinister, Insidious a Conjuring huet den Eldo fir iech ee perséinlechen Horrorfilm-Ranking opgestallt.

Don’t Breathe

E jugendleche Gangster-Trio brécht an d’Haus vun engem ale blanne Mann an, dee ganz eleng an zeréckgezu lieft. E soll anscheinend eng grouss Zomm u Geld doheem verstoppt hunn. Déi 3 Gangsteren halen dat fir eng sécher an einfach Saach, wat allerdéngs ganz séier no hanne lass geet. De blanne Krichsveteran ass nämlech alles mee net schwaach an d’Teenager mussen ëm hiert Liewe fäerten.

Silent House

Dat jonkt Sarah hëlleft sengem Papp a Monni bei der Renovéierung vum ale Landhaus wat der Famill gehéiert. Laang huet keen do gewunnt a muss deemno renovéiert gi fir et dono besser kënnen ze verkafen. Ganz séier stellt d’Sarah fest, dass am Haus eppes geschitt wat net ze erklären ass. Wéi sech dunn och nach d’Diere verschléissen an hat net méi aus dem Haus kënnt, fänkt den Horror richteg hunn.

The Sining

De Schrëftsteller Jack plënnert iwwert de Wanter zesumme mat senger Famill an en ofgeleeënt Hotel an de Bierger vu Colorado. D’Hotel huet allerdéngs an donkel Vergaangenheet déi dem Jack ëmmer méi zousetzt an dozou féiert, dass hie komplett de Verstand verléiert. Säi Bouf den Danny, zesumme mat senger Mamm si bemol duerch den Jack  Gefor ausgesat.

Split

Get Out