A Länner wéi Däitschland geet vu partiellen oder komplette Lockdowns riets. Wat versteet een ënnert Light Lockdown, Wellenbrecher Shutdown oder Plang C?

Lauschtert eran!

D'Konzept vum "Plang C" gesäit vir, dass d'Leit 7 Deeg de Mount fräiwëlleg an e Lockdown ginn an hir Kontakter limitéieren. Kënnt een aus dem Confinement eraus, gëllt Maskeflicht an Ofstand halen. No 3 Woche kënnt eng nei Lockdown-Phas. Eng zweet Well vu Corona-Neiinfektioune sollt esou ënnerbrach ginn.  D'Iddi ass dass de Rescht vum Mount da relativ normal oflafe géif.

Dës Initiativ gouf vun Dokteren a Gastronome vu Mainz an d'Liewe geruff. Si wëllen also op fräiwëlleger Basis déi éischt Phas vum Plang C vum 8. bis 14. November lancéieren, déi zweet vum 13. bis 19. November. No där Phas sollen Donnéeë vun der éischter Woch analyséiert gi fir doraus ze schléissen, wéi an ob dat Ganzt geklappt huet. Eng aner Iddi ass déi vum "Light Lockdown".

Hei géifen Evenementer ofgesot, Kinoen, Fräizäitparken, Tattoostudioen, Restauranten, Caféen a Baren zougemaach ginn, Schoulen, Coifferen an och den Eenzelhandel dierfte weider op hunn. Touristesch Iwwernuechtunge wieren net erlaabt. Nieft dësen zwee Konzepter gëtt et och nach de sougenannte "Wellenbrecher Shutdown" oder e Lockdown dotëscht, also "Zwischen-Lockdown".

Fir e limitéieren Zäitraum gi Fitnessstudioen, Restauranten a Sportveräiner zougemaach. Fräizäitaktivitéite ginn erofgefuer. Esou wëll een d'Kontakter massiv zréckfueren – Schoulen a Fleegeariichtunge musse sou laang wéi méiglech opbleiwen, Homeoffice steet um Programm. Zu Lëtzebuerg kënnt eng Ausgangsspär. Ausname si virgesinn. D'Mesure geet bis den 30. November.