Frankräich geet zréck an de Confinement, nodeems Dag fir Dag nei Rekorder wat d'Zuelen ugeet, erreecht goufen. Ma och Däitschland huet nei Mesurë geholl.

Lauschtert eran!

Mat Spannung gouf d'Usprooch vum franséische President erwaart an den Emmanuel Macron huet däitlech gemaach, ewéi seriö d'Situatioun ass. Hien huet awer och preziséiert, datt d'Beschränkunge manner streng ewéi am Fréijoer sinn. De "bleift doheem" ass och bei eise franséischen Noperen nees aktuell. Franséisch Bierger dierfen nach aus dem Haus, ma just fir dat néidegst.

Et dierf een akafen oder bei Persounen, déi Hëllef brauchen, goen. Grad esou si Rendezvouse beim Doktere weider erlaabt. Esou wäit et geet soll een op den Homeoffice zréckgräifen. D'Uni schalten op Online-Coursen ëm, anescht ewéi virun e puer Méint sollen d'Schoulen opbleiwen. Bis ewell hat schonn eng Ausgangsspär gegraff. Donieft ass de Macron och op d'Klinicken ze schwätze komm.

D'Situatioun wier immens seriö, et rechent een domat, datt een änlech Zoustänn wéi fir den Héichpunkt vun der Pandemie am Fréijoer erreecht. Et ass eng sanitär, wirtschaftlech a sozial Kris, déi och nees de Gastronomie-Beräich haart trëfft. Dee muss nämlech och zoubleiwen. D'Mesurë solle bis den 1. Dezember gëllen. An Däitschland trieden nei Restriktiounen e Méindeg a Kraaft.

Et dierf ee sech zu maximal 10 Persounen aus zwee verschidde Stéit gesinn, Fräizäitariichtunge ginn zou, Schoulen a Crèchë bleiwen awer op. Restauranten, Clibb, Diskoen a Caféë musse fir de Rescht vum Mount hir Dieren zouloossen, grad esou Kinoen, Tattoo-Studioen, Fitnesszenteren a Concertssäll. Den Eenzelhandel bleift op, dat mat enger limitéierter Unzuel u Clienten am Buttek selwer.

Eraus jogge goen ass erlaabt, Evenementer am Profisport dierfen ouni Zuschauer organiséiert ginn. Touristesch Iwwernuechtunge sinn net méi erlaabt, just fir noutwenneg Grënn oder Déngschtreesen. Wéi d'Merkel erkläert huet, wiere 75 % vun den Infektiounen an Däitschland net méi zréckzeverfollegen. Wann et sou weider geet, géif de Gesondheetssystem et net méi gestäipt kréien.