D'Association des Cercles d'Etudiants Luxembourgeois ass och dëst Joer op der Foire vertrueden, dat allerdéngs an digitaler Form.

Lauschtert eran

D'ACEL ass e Studentevertrieder deen dofir do ass, d'Schüler a Studenten ze informéieren. Wéi zum Beispill Froe ronderëm d'Studéieren ze beäntwerten, ma och zu finanziellen Aspekter kritt een do Infoen. Iwweregens gëtt och de Kontakt tëscht de Studenten an de verschiddene Studentencercele gemaach.

Op der Studentefoire dëst Joer ass d'ACEL natierlech och vertrueden. Déi ass dëst Joer vum 12. bis den 13. November. Wärend deenen 2 Deeg ass d'ACEL do fir op alleguerten d'Froe ronderëm d'Studéiere an deene verschiddene Länner ze äntwerten

Et ass natierlech nei, dass d'Foire dëst Joer digital ass. Et huet ee schonn ab dem 9. November d'Méiglechkeet op de Site vun der Foire eranzekucken a sech ze informéiere wie vun den Exposante wäert do sinn.

Wärend dem 12. an dem 13. November sinn all d'Exposante vun 09h00 bis 18h00 Auer disponibel fir op d'Froe vun de Leit ze äntweren. Dat geet virun allem iwwert en integréierte Live-Chat. Et besteet awer och d'Méiglechkeet sech iwwert e Videochat auszetauschen.

Donieft sinn iwwert déi 2 Deeg och nach Webinaren. D'ACEL selwer hält Donneschdes um 13h00 e Webinar zum Thema ''How to CV''. Do geet et virun allem drëms, ob wat ee muss oppassen, wann een en CV opsetzt.

Den Detail wéini wéi eng Webinare sinn, fënnt een op der Plattform selwer.