Ka Watch Dogs: Legion sengen eegenen Ambitioune gerecht ginn?

D'Watchdogs Franchise huet eng wackeleg Geschicht als Franchise.

Den éischten Deel huet eng vun de gréissten Downgrade Kontroverse vun der leschter Generatioun ausgeléist an huet méi versprach wéi agehalen.

Deen ëm Welte bessere Watchdogs 2 huet, am Stil vun Assassin's Creed 2, geliwwert wat de Virgänger net konnt.

Watchdogs: Legion ass menger Meenung no eng gutt Demonstratioun vun de Stäerkten an de Schwächte vun Ubisoft.

Fänke mer mat de Schwächten un. Wéi üblech fir Ubisoft Open-World Spiller sinn d'Missiounen, bis op e puer wierklech originell,  relativ simpel bis repetitiv, d'Haapt-Ausnamen-Story ass net déi interessantsten an d'Spill huet hei an do Bugs, mee näischt wat net z'erdroen ass. Klassesch Ubisoft-Feeler.

Wat Stäerkten ugeet huet Legion 3 Aspekter déi esou ze soen d'Fundament vum Spill bilden. D'Welt, den Hacker-Gameplay a virun allem de neie Charakter-System.

Ween egal wéi een Ubisoft Spill an de leschte 15 Joer gespillt huet, weess dass hir Welten ëmmer gutt realiséiert sinn a Watchdogs: Legion ass do net anescht.

London ass eng interessant Stad mat vill Geschicht hannendrun an déi perfekt Stad fir ee Spill an deem et ëm de Kampf géint Iwwerwaachung gëtt. Legion bitt eng near-future Welt déi onheemlech immersiv ass, wat vum Gameplay an dem Charakter-System ënnerstëtzt gëtt.

Dir kënnt nämlech esou gutt wéi all Persoun am Spill rekrutéieren. Ee Strummert, ee Geheim-Agent, eng Boma. A Watchdogs: Legion kënnt dir spille wien och ëmmer dir wëllt, jidderee kann zum Underground Hacker ginn. Et ass en originellen an extreem coole System  fir mech dat ganzt Spill  an ech si gespaant e wéi Ubisoft ausmécht dee System verfeinere wäert.