Organisateuren hannert dem Event hiewen erëm de Standard mam 2020 World Championship.

Ech suivéieren déi kompetitiv Zeen vu League Of Legends schonn zënter enger Zäitchen net méi esou genau. Konstant Updates, nei Metas an all d'Matcher vun der Profizeen ze verfollege verlaangt vill Zäit. An trotzdeem fannen ech mech all Joer op de Streams vun der Weltmeeschterschaft erëm fir de Spektakel vum Evenement ze gesinn.

Nieft der Atmosphär vum Publikum sinn ech awer och ëmmer op d'Technologie gespaant déi fir d'Shows benotzt ginn. Vun Augmented Reality bis zu Holografesche Projektiounen, d'Organisateuren denken sech all Joer nei an impressionant Weeër aus fir de Spektakel ronderëm d'Matcher interessant ze maachen.

Dëst Joer sinn d'Stéchwierder LED Panels a Mixed Reality. Duerch d'Ëmstänn vun der COVID-Pandemie an deemno ouni Publikum, war et onsécher wéi een den Hype vun de Joer virdru kéint eriwwer  bréngen. Aus deem Grond spillt sech d'Weltmeeschterschaft dëst Joer an engem Raum voll mat risegen LED Schiermer of. Inspiréiert vun der Technik déi och fir d'Filme vun The Mandalorian benotzt gouf, kënnen d'Organisateuren d'Spiller an all méiglech Kulisse versetzen an Effekter duerch Mixed Reality Animatiounen ofspillen. Esou kënne Matcher zum Beispill op Héichhaiser oder am An vun engem Hurricane gespillt ginn.

Et ass kee perfekten Ersatz fir ee risegt Publikum, mee trotzdeem eng technesch impressionant Léisung fir eis momentan Ëmstänn.