Laang huet en drop gewaart an elo kënnt den Datum endlech méi no. D'PS5 steet an der Startlächer. Ma wat erwaart eis do genau?

Lauschtert eran

Et ass en Dag dee sech ganz vill Gamer am Kalenner ugekräizt hunn an zwar den 19. November. Dat ass nämlech de Stéchdatum fir de Release vun der Playstation 5.

Optik an Design

Fir e gudden Iwwerbléck vun der Konsol ze verschafe fänke mer mol mat der Optik un. Schonn eleng do fält e groussen Ënnerscheed op. Vum Design hier ass, d'Playstation nämlech vill manner eckeg wéi nach de Virgänger, dat heescht se huet méi geschwongen an natierlech Formen. Donieft ass se aktuell just an der schwaarz mat wäiss Kombinatioun disponibel. Et kann een se entweder dohi stellen oder leeën, wéi een dat och scho vun der PS4 kennt.

Präis

Wien elo mengt, dass ee beim Präis op de Réck fält deen iert sech. Et gëtt se nämlech an 2 verschiddenen Ausféierungen. Eng Kéier mat Lafwierk fir 499 Euro oder ouni fir 399 Euro. Wou ass elo genau den Ënnerscheed?

2 verschidde Versiounen

Mam Lafwierk kann ee weiderhi Physesch d'Spiller a form vun engem Disque kafen an zousätzlech huet een e Blue-Ray Player. Déi Digital Versioun vun der Playstation ass dorobber ausgeluecht d'Spiller just nach kënnen aus dem Internet erof ze lueden.

Technech Donnéeën

Vun den techneschen Donnéeën hier kann ee weider behaapten, dass d'Konsol ronn 100 mol méi séier ass wéi de Virgänger an och wärend laangem Spillbetrib net wierklech ufänkt vill Kaméidi ze maachen. Donieft, an dat ass net grad oninteressant, huet de PS5 Kontroller en agebaute Mikro, wat d'Online-Spillen e gutt stéck méi einfach a Confortabel mécht.

Allerdéngs gëtt et och nach eng manner gutt Noriicht. D'PS5 kënnt zwar den 19. November offiziell eraus, ma se ass awer leider scho säit enger Zäit ausverkaf.