Weltwäit poste Notzer Videoe wéi d'Xbox aus dem Näischt mat dämpen ufänkt. Ma dat ass Microsoft no awer e Fake.

D'Xbox Series X ass grad eréischt mol een Dag um Marché a scho ginn et Problemer mat der Konsol vu Microsoft. An de leschten 48 Stonne sinn ëmmer nees Reklamatioune vu Xbox-Usere gemellt ginn, déi iwwert eng jett Mängel kloen. Verschiddener kloen esouguer, dass hir Xbox Series X schonn nom éischten Dag futti gaangen ass. Microsoft huet dozou awer och direkt Stellung bezunn a gesot, dass bei esou engem grousse Launch, deen een oder aneren Defekt net auszeschléissen ass.

Elo sinn dann awer déi nächst Reklamatiounen agaangen an zwar zimmlech Ongewéinlecher. Verschidden Notzer uechtert d'Welt hu Videoe gepost wéi d'Xbox aus dem Näischt eraus ugefaangen huet mat dämpen. Esou gesäit et op alle Fall mol op de Videoen aus. Natierlech kuckt een dat an et ass een direkt e bësse schockéiert. Ma Microsoft huet awer elo offiziell matgedeelt, dass et sech bei deene Videoen ëm e Fake handelt. Notzer hunn einfach Damp mat Hëllef vun engem Vaporiser an d'Entlëftunge geblosen.