Heiansdo kann et mol nerveg sinn, virun allem wann een en iwwert eng méi laang Zäit huet. Ma et ginn allerdéngs Technike mat deem een dem Hick lass geet.

Lauschtert eran

Wann een e selwer net huet, da kann en zimmlech witzeg sinn an zwar den Hick. Vill Leit bekloe sech, dass se en heiansdo net lass ginn, wat natierlech och extrem nerveg ass. Stell iech mol fir dir hätt deen iwwert 1 oder e puer Stonnen.

Gottseidank ginn et e puer Methoden an Tipps déi hëllefen den Hick lass ze ginn.

Fänke mer mol domat un, dass ee sech, wann et mol nees esou wäit ass, net soll ze vill dorunner denken a sech net soll doriwwer opreegen. Besser ass hei sech Oflenkung ze sichen an zwar ganz nom Motto: Aus dem Sënn, aus der Welt.

Vill Leit probéieren den Hick ze ënnerdrécken, wat eigentlech genau de contraire bewierkt vun deem wat der wëllt. D'Verkrampfung vum Zwerchfell, déi fir den Hick verantwortlech ass, gëtt doduerch eventuell esouguer nach verstäerkt. Een ze erféiere kéint hei eventuell eng Léisung sinn, dat aus dem Grond well een ofgelenkt gëtt.

Eng weider Iddi ass eng speziell Otmung. Fir genau ze sinn ass et d'Hechelen. Iwwert e puer Sekonnen ewech soll een hei deemno kuerz a séier an, an aus Otmen. Eng Technik déi een ouni groussen Opwand iwwerall ka maachen.

Déi lescht zwou an domat einfachsten Techniken, si ganz einfach d'Zong eraus ze strecken oder een ze kussen, esou d'Otemtherapeutin Verinika Langguth géigeniwwer vun ''GQ''.

Wann ee sech elo an Zukunft nach eng Kéier iwwert eng kleng Hick-Attack beschwéiert, da muss ee sech ëmmer am Hannerkapp halen, dass dee längsten Hick 69 Joer gedauert huet.