De Cycle 4.2 aus der Schoul Bieles Post sinn dem Andy sengem Hëllefsruff nogaangen an hu Last Christmas am Chouer gesongen!

Den Andy ass verzweiwelt, de Chef huet him verbueden "Last Christmas" vu Wham! um Radio ze spillen! Dofir huet hien d'Last Christmas Sing-Along Challenge mam Chich lancéiert. D'Zil ass et eng Last Christmas Versioun ze produzéieren déi vum Eldoland gesonge gëtt.

Eng Schoulklass aus dem Cycle 4.2 huet op engem Freideg den 13ten hire Sing-Along rageschéckt, an den Andy an d'Chich total begeeschtert! Fir déi zwee ass et wuel e Glécksdag, well d'Last Christmas Versioun vum Eldoland gëtt ëmmer méi epesch!

Lauschtert hei d'Versioun vun der Schoulklass:

Lauschtert eran!