En Filmowend mat Frënn ass schonn eppes Flottes, leider mussen se schonn um 23h00 doheem sinn, an et däerf e just 4 Frënn invitéieren.

Wei wier et da wann een e Film zesumme kucke kéint, dat ganzt awer ouni zesummen an engem Raum ze setzen. An ouni un d'Ausgangsspär denken ze mussen. 
Dat ass esouguer ganz einfach méiglech mat prakteschen Applikatioune wei "Watchparty" oder "Teleparty".

Mat "Watchparty" a Co.  kann ee mat senge Kolleegen e Film zesumme kucken, andeems ee säi Bildschierm deelt, e Video eropluet oder en gemeinsame Browser notzt, ob deen all d'Memberen Zougang hunn. Dat eenzegt wat dofir gebraucht gëtt ass e funktionéierende Streaming Account mat deem een de Film auswiele kann. Dat bescht ass dass déi Programmer gratis sinn an net nëmme mat Netflix, mee och mat Disney Plus an Amazon Prime kompatibel sinn, zudeem huet een nach Zougrëff op YouTube, HBO, Hulu an anere Plattformen.

D'Applikatioune bidden iwweregens och eng Chat Funktioun un, sou huet een trotz raimlecher Distanz trotzdeem d'Méiglechkeet mat senge Frënn ze kommunizéieren.

Ween en Fan vun Disney Plus ass, kann een natierlech och Disney spezifesch Apps notzen, wei zum Beispill, "Disney Plus Party" an "My Disney Pal", déi quasi d'selwecht funktionéieren.

Also kënnt der mat rouegem Gewëssen e flotten digitale Filmowend mat äre Kolleege verbréngen, ouni en Risiko anzegoen an ouni Gesetzer ze briechen.

Lauschtert eran!