Déi éischt Transportdéngschter iwwert de Wolleke solle bis 2025 gestart ginn.

An der Haaptstad Seoul huet d'Stadverwaltung zesumme mam Transportministère en Demonstratiounsfluch virgestallt, bei deem eng Dron 7 Minutte laang autonom ronn 1,8 Kilometer zeréck geluecht huet. Passagéier ware keng u Bord, dat soll dann awer den nächste Schrëtt sinn.

De ganze Projet soll nämlech de Start vun de Loft-Taxie ginn. Am Géigesaz zu der bestoender Loftfaartindustrie wär déi stättesch Mobilitéit e Beräich, deen et nach auszeschaffe gëllt. Der Stad no kéint een do nach vill méi wäit goen a besser technesch Standarde mat era bréngen, esou zum Beispill Transportmëttel déi iwwert der Stad verkéieren: elektresch Loft-Taxien.

D'Transportministesch weist sech optimistesch, dass eng kommerziell Notzung vun dëse Fluch-Taxie bis 2025 méiglech misst sinn an hofft domat den éiwege Problem vum Stau op de Stroossen ze verbesseren.