Et denkt een un näischt a bemol verspiert een den Drang op d'Toilette ze goen an dat just well de Krunn drëpst. Ma wisou ass dat esou?

Eigentlech ass et scho komesch. Et héiert een d'Dausche vum Waasser oder och einfach nëmmen d'Drëpsen a bemol huet een de Besoin op d'Toilette ze goen. Mee firwat? Fir dat Phänomen gëtt et keng Erklärung déi wëssenschaftlech beluet ass, ma et ginn awer 3 plausibel Usätz.

Dorunner kéint eng Aart Konditionéiere schold sinn. All déi Waasser-Geräischer kléngen no deem wat mer beim Waasserloossen héieren. Eist Gehier huet déi Handlung ( d'Pissen ) mam Geräisch verknëppt. Héiere mer also dat eent, erënnert et eis automatesch un dat anert. Déi Iddi baséiert op der Theorie vun der Konditionéierung vum russesche Medezinner a Psycholog Iwan Pavlov.

Ma och den Naturfuerscher Charles Darwin, dee fir d'Evolutiounstheorie verantwortlech ass, liwwert eng Basis déi dat ganz erkläre kéint. Fir ze iwwerliewen hunn eis Virfaren sech misste virun de Feinde schützen. Dofir war et wichteg keng Spueren ze hannerloossen. Wéinst dem penetrante Geroch war den Urin eng Spuer fir d'Feinden déi et ze verwësche gëllt. Dofir hu sech eis Virgänger dacks a Flëss oder Baachen erliichtert oder da wann et gereent huet. Déi ënnerbewosst Associatioun vum Waasserloossen an dem Dausche vum Waasser kéint also de Grond si wisou mir haut nach déi Verbindung maachen.

E weideren Usaz fir dat ganzt ze erklären ass vun neurologescher Natur. D'Geräisch vum Waasser wierkt entspanend a stimuléieren de Parasymphatikus, een deel vum vegetativen Nervesystem dee fir déi onbewosst Steierung vun deene meeschten Organer verantwortlech ass. Déi Stimulatioun verursaacht de Besoin op d'Toilette ze goen.

Dräi Usätz déi iwwregens och kënnen zesummen hänken.