Eng Traditioun déi YouTube 2010 agefouert huet. An dëst Joer net wäert weider gefouert ginn.

Op YouTube ginn all Minutt ëm déi 500 Minutten u Video-Contenu eropgelueden. A fir déi bescht Minutten ze feieren, huet een dofir den "YouTube Rewind" agefouert. Dëst ass souzesoen de Réckbléck vum Joer, dee vun der Video-Plattform selwer zesummegesat an eropgeluede gëtt.

Lauschter hei eran!

Ma d'Joer 2020 huet dann eng weider Traditioun gestoppt. Wéi YouTube selwer matgedeelt huet, wäert een dëst Joer kee Video zesummesetze mat den Highlights vun der Plattform. Dobäi wier dëst Joer net einfach just ee weidere Rewind komm, mee et wier den 10. Anniversaire gewiescht.

Eigentlech geet et och effektiv dorëms d'Creators an hire Contenu ze feieren, a sech sou ëmmer nees dru ginn nei a kreativ Videoen erop ze lueden. An ee klenge Réckbléck ze starten, wéi eng Videoen am Laf vum Joer am meeschte geklickt goufen, a wéi eng Emotioune duerch d'Videoen op der Plattform bei de Leit ervir geruff goufen. Ma wéi YouTube matgedeelt huet, misst een unerkennen, dass d'Joer 2020 anescht wier. An dofir géif ee kee Rewind maachen. D'Reaktioune sinn... gemëscht. Déi eng freeë sech driwwer, nodeems de Rewind vun 2018 esou schlecht war, dass en sech an d'Memoire vun de Fans agebrannt huet. A méi wéi 18 Milliounen "Dislikes" krut.

Anerer hu gemengt, dass et absolut net logesch wier, grad dëst Joer kee Rewind ze maachen. Dat eemol, well d'Creators sech deels nach méi druginn hu fir positive Contenu ze liwweren. An dat anert Argument ass, dass grad dëst Joer esou vill Videoen op YouTube consomméiert goufe wéi nach ni. A grad dann net de Réckbléck vum Joer ze feiere wier einfach onlogesch.

Wann der Iech nostalgesch fillt, hei sinn d'Rewinds vun all de Joren: