All Joer brénge grouss Firmen hier Christmas-Commercials eraus, déi eis mat emotionale Clips a Christmasfeeling bréngen. Coca-Cola huet elo hire releast.

Fir déi opwänneg Produktioun vum Coca-Cola Spot 2020 war den Néiséilänner Taika Waititi zoustänneg.

Seng emotional Pub ass eng vun deenen éischte Christmas Commercials fir dëst Joer, a geet elo scho viral.

Am Video muss e Mann seng Famill fir d'Feierdeeg verloossen. Seng Duechter gëtt him awer nach e Bréif fir de Santa mat. Fir datt de Bréif pünktlech ukënnt mécht sech de Papp op eng Rees iwwer Bierger, Séien, Bëscher, Schnéilandschafte bis datt hien um Nordpol ukënnt.

Den emotionale Spin vun der Geschicht kënnt dir Iech hei ukucken:

Fir d'Waarden ob déi nächst Commercials ze verkierze ginn et hei nach emol e puer Videoen aus de leschte Joren: