An der Corona-Zäit goufen natierlech vill Award-Shows ofgesot. An awer ginn e Sonndeg, 22. November d’American Music Awards iwwerreecht.

Et ass also e gudde Moment fir d’Kategorie "New Artist of the Year" virzestellen.

Den éischten Nominéierten ass de Lewis Capaldi. De 24-Järege Schott ass deen eenzegen Net-Amerikaner a Net-Rapper an dëser Kategorie. Obwuel hie schonn d’lescht Joer zesumme mat Bastille zu Lëtzebuerg opgetrueden ass, schéngt hien an den USA eréischt zënter kuerzem bekannt ze sinn. Och nominéiert ass déi 25-järeg Rapperin Doja Cat. Zënter dem Lidd "Say So" wat ënner anerem op TikTok explodéiert ass, ass d’Kënschtlerin zum grousse Star ginn.

D‘Rapper déi fir den Hit "Rockstar" verantwortlech sinn, sinn allen 2 an der selwechter Kategorie nominéiert. Den 28-järegen DaBaby huet schonn 3 Alben erausbruecht a war och dëst Joer fir säi Lidd "Suge" fir e Grammy Award nominéiert. Den 22-järege Kolleeg Roddy Ricch huet och schonn ënner anerem mam Post Malone a 50 Cent kollaboréiert.

Nieft dem DaBaby fënnt een och de LilBaby an der New Artist-Kategorie. De 25-Järegen huet bis ewell zwee Alben erausbruecht a gouf och dëst Joer fir e Grammy nominéiert, dat mat sengem Lidd "Drip Too Hard". An zu gudder lescht ass d’Megan Thee Stallion och vertrueden. Déi 25-järeg Rapperin gouf ënner anerem duerch de Song "Savage" bekannt. Rezent gouf och vill iwwert d’Lidd "WAP" geschwat dat hatt mam Cardi B erausbruecht huet.

Lauschtert eran!