Déi brittesch Haaptstad ass jo bekannt fir hir vill verschidde Restauranten, Baren a Pubs - an elo gëtt et hei ganz offiziell déi beschte Bar op der Welt.

Egal ob wat fir een Iessen oder Gedrénks een Loscht huet, hei zu London kritt een et normalerweis iergendzwousch ze kafen. Dobäi kënnt, dass et an der brittescher Haaptstad 69 Restauranten mat op d'mannst engem Michelinsstär ginn. An elo kann sech London dann och nach mat enger anerer Akkolad bretzen. Hei gëtt et nämlech elo, ganz offiziell, déi beschte Bar op der Welt.

Lauschtert hei de Reportage:

Och wann se natierlech am Moment wéinst dem Lockdown zou ass, esou ass d’Connaught Bar aus dem Nobel-Quartier Mayfair, nodeems se d’lescht Joer op Plat 2 koum, elo zu der beschter Bar op der Welt gewielt ginn. Visuell, gesäit d’Bar aus ewéi all aner modern Bar och. Mee, de groussen Ënnerscheed hei mécht dat wat een an d’Glas kritt. Der Connaught Bar hier Spezialitéit ass de selwer-gemaachte Martini. Änlech ewéi wann een Steak Tartare oder e Kéisplateau am Restaurant bestellt, esou kënnt hei de Garçon mat engem klenge Weenchen bei ee gefuer a mixt de Martini live virum Client.

© pixabay.com

Déi ganz Experienz ass dann och net geschenkt. Ee Martini kascht labber bal 30 Euro. Déi meescht aner Cocktails kaschten änlech. Dat deiersten Gedrénks op der Kaart ass iwwregens eng Fläsch Wäisswäin aus der Bourgogne, déi een sech fir säfteg 15.000 Euro gënnenkann. Wien also nom Lockdown gären emol en Drink an der beschter Bar vun der Welt genéisse wëll, dee soll seng Kreditkaart op kee Fall doheem vergiessen.

Twitter: @EldoLondon an @SergeReuter